Noah Wolf
- Student
Student
22 Joer
Steebrécken
Ech sinn Medezinsstudent am 4. Joer zu Berlin mat enger grousser Natur- an Ëmwelt-Verbonnenheet. Ech interesséiere mech fir de Lien tëschent Vollekskrankheete an der Klimakris, bei där d'Auswierkungen op de Gesondheetssystem haut schonn spierbar sinn. D‘Klimakris ass schlussendlech och eng Gesondheetskris, wou mir op eng breet Preventiounspolitik setze mussen.
Zesummen fir eng gesond a klimagerecht Zukunft!
