background background

Monnerech

Aktualitéit

Second Hand Maart 2025

Second Hand Maart 2025

Sonndeg den 29. Juni 2025 op der Duerfplaz zu Monnerech. Mir invitéieren iech haerzlech op eisen zweeten Second Hand Maart. Vun 10h00 bis 18h00 kënnt dir aert Gléck fannen. Fir Iessen an Gedrénks ass och gesuergt. Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? NB: nëmmen vir privat Leit, kéng professionnell Verkeefer. Wëllt dir einfach laanscht kommen iech d'Saachen mol ukucken oder e Patt mat aër Frënn drénken? Dir sidd wëllkomm! Loscht op eng Wurscht, Fritten oder eppes waarmes zum Mëttegiessen? Dir kënnt och einfach laanscht kommen fir mat eis ze plaudern. Mir hoffen iech op eisen Event kënnen ze treffen.