Second Hand Maart 2026
Samschdeg den 12. September 2026 op der Duerfplaz zu Monnerech.
Mir invitéieren iech haerzlech op eisen Second Hand Maart. Vun 13h00 bis 18h00 kënnt dir aert Gléck fannen. Fir Gedrénks ass och gesuergt vun 12h00 un bis 19h00.
Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? Dir fannt méi Informatiounen op dëst Websäit: link . NB: nëmmen vir privat Leit, kéng professionnell Verkeefer.
Wëllt dir einfach laanscht kommen iech d’Saachen mol ukucken oder e Patt mat aër Frënn drénken? Dir sidd wëllkomm! Dir kënnt och einfach laanscht kommen fir mat eis ze plaudern.
Hut dir eng Fro? Schéckt eng Mail un d’Madam Liz Trierweiler op monnerechdeigreng@gmail.com.
Mir hoffen iech op eisen Event kënnen ze treffen.
