Second Hand Maart
Sonndeg den 2. Juni 2024 op der Duerfplaz zu Monnerech.
Mir invitéieren iech haerzlech op eisen éischten Second Hand Maart. Vun 10h00 bis 18h00 kënnt dir aert Gléck fannen. Fir Iessen an Gedrénks ass och gesuergt.
Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? Dir fannt méi Informatiounen op dëst Websäit: link . NB: nëmmen vir privat Leit, kéng professionnell Verkeefer.
Wëllt dir einfach laanscht kommen iech d’Saachen mol ukucken oder e Patt mat aër Frënn drénken? Dir sidd wëllkomm!
Loscht op eng Wurscht, Fritten oder eppes waarmes zum Mëttegiessen? Fir den gaspillage alimentaire ze vermeiden, wären mir Frou wann dir eis kéint am viraus Bescheed soen. Op dest Websäit (link ofgelaaf – nëmmen op franséisch) kënnt dir eis bis den 28. Mee matdeelen waat iech interesséiert (ouni Verflichtung), oder réservéieren (Virbezuelen, da sidd dir sécher et ze kréien).
Dir kënnt och einfach laanscht kommen fir mat eis ze plaudern.
Hut dir eng Fro? Schéckt eng Mail un d’Liz Trierweiler op monnerechdeigreng@gmail.com.
Mir hoffen iech op eisen Event kënnen ze treffen.
