Second Hand Maart 2026
Samschdeg den 12. September 2026 op der Duerfplaz zu Monnerech. Mir invitéieren iech haerzlech op eisen Second Hand Maart. Vun 13h00 bis 18h00 kënnt dir aert Gléck fannen. Fir Iessen an Gedrénks ass och gesuergt. Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? NB: nëmmen vir privat Leit, kéng professionnell Verkeefer. Wëllt dir einfach laanscht kommen iech d'Saachen mol ukucken oder e Patt mat aër Frënn drénken? Dir sidd wëllkomm! Loscht op eng Wurscht, Fritten oder eppes waarmes zum Mëttegiessen? Dir kënnt och einfach laanscht kommen fir mat eis ze plaudern. Mir hoffen iech op eisen Event kënnen ze treffen.
Schéi Feierdeeg an e Gudde Rutsch 2026
Mir wënschen Iech Schéi Feierdeeg an e Gudde Rutsch an d’Néit Joer 2026.
Second Hand Maart 2025
Sonndeg den 29. Juni 2025 op der Duerfplaz zu Monnerech. Mir invitéieren iech haerzlech op eisen zweeten Second Hand Maart. Vun 10h00 bis 18h00 kënnt dir aert Gléck fannen. Fir Iessen an Gedrénks ass och gesuergt. Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? NB: nëmmen vir privat Leit, kéng professionnell Verkeefer. Wëllt dir einfach laanscht kommen iech d'Saachen mol ukucken oder e Patt mat aër Frënn drénken? Dir sidd wëllkomm! Loscht op eng Wurscht, Fritten oder eppes waarmes zum Mëttegiessen? Dir kënnt och einfach laanscht kommen fir mat eis ze plaudern. Mir hoffen iech op eisen Event kënnen ze treffen.
Schéi Feierdeeg an e Gudde Rutsch
Mir wënschen Iech Schéi Feierdeeg an e Gudde Rutsch an d’Néit Joer 2025.
September 2026
Second hand Maart 2026 – Stand Réservatioun
Samschdeg den 12. September 2026 op der Duerfplaz zu Monnerech. Vun 13:00 bis 18:00.
Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? Et ass gratis, mee nëmmen vir privat Leit (mir accéptéieren kéng professionnell Verkeefer.)
Praktesch Detailer vir d’Organisatioun
- Réservatioun ass gratis, mee obligatoresch
- Unzuel un Plazen as begrenzt
- max 2 Dëscher + Bänk (ongeféier 1,50 m laang an 0,50 m breet) pro Stot
- dir kënnt är eegen Kleederstang matbréngen, wann et net ze laang ass (ongeféier 1,50 m)
- dir kënnt schon um 11:30 äeren Stand virbereeden
- mir bieden iech op mannst tëschent 13h00 an 17h00 present ze sinn, oder bis dat dir alles verkaaft hutt
- äert Plaz get konfirméiert esoubal dir d’Kautioun vun 20 € pro Dësch bezuelt hutt (Bank Iwwerweisung)
- d’Kaution gët iech den Samschdeg den 12. September zeréckbezuelt (Cash)
Wann e puer Deeg virum Maart nach Plazen iwweregbleiwen, dann kënnt dir nach 1 Dësch ufroen.
Dir hutt eng Fro oder dir wëllt eng Plaz réservéieren? Schéckt eng E-mail un d’Liz Trierweiler op monnerechdeigreng@gmail.com. D’Kontosnummer vir d’Bank Iwwerweisung kritt dir vum Liz matgedeelt.
NB: link zur Haaptsäit vum Event.


Och du wëlls eppes an eiser Gemeng beweegen?
Du wëlls eng méi nohalteg, gerecht a liewenswäert Gemeng? Wann’s du Loscht hues eis kennen ze léieren, oder en Deel vun eiser Ekipp ze ginn, da mell dech! monnerech@greng.lu

