background background

Monnerech

Separateur
Saison

Juni 2025

29 Jun
10:00
Marché

Second hand Maart 2025 – Stand Réservatioun

Sonndeg den 29. Juni 2025 op der Duerfplaz zu Monnerech. Vun 10:00 bis 18:00.

Sidd dir interesséiert vir är Saachen (Bicher, Spiller, …) oder al Kléder (an éngem gudden Zoustand) ze verkafen? Et ass gratis, mee nëmmen vir privat Leit (mir accéptéieren kéng professionnell Verkeefer.)

Praktesch Detailer vir d’Organisatioun

  • Réservatioun ass gratis, mee obligatoresch
  • Unzuel un Plazen as begrenzt
  • 1 Dësch (ongeféier 1,50 m laang an 0,50 m breet) an 1 Bänk pro Stot
  • dir kënnt är eegen Kleederstang matbréngen, wann et net ze laang ass (ongeféier 1,50 m)
  • dir kënnt schon um 9:00 äeren Stand virbereeden
  • mir bieden iech op mannst tëschent 10h00 an 16h00 present ze sinn, oder bis dat dir alles verkaaft hutt
  • äert Plaz get konfirméiert esoubal dir d’Kautioun vun 20 € pro Dësch bezuelt hutt (Bank Iwwerweisung)
  • d’Kaution gët iech den Sonndeg den 29. Juni zeréckbezuelt (Cash)

Wann e puer Deeg virum Maart nach Plazen iwweregbleiwen, dann kënnt dir en 2. Dësch ufroen.

Dir hutt eng Fro oder dir wëllt eng Plaz réservéieren? Schéckt eng E-mail un d’Liz Trierweiler op monnerechdeigreng@gmail.com oder ruft hat um Händy 621-285296 un, tëschent 9:00 an 11:00 oder tëschent 17:00 an 19:00. D’Kontosnummer vir d’Bank Iwwerweisung kritt dir vum Liz matgedeelt.

NB. Dir kennt och op der Plaz mëttes iessen. Fir den gaspillage alimentaire ze vermeiden, wären mir Frou wann dir eis dat kéint am viraus matdeelen.

NB: link zur Haaptsäit vum Event.

Separateur

Och du wëlls eppes an eiser Gemeng beweegen? 

Du wëlls eng méi nohalteg, gerecht a liewenswäert Gemeng? Wann’s du Loscht hues eis kennen ze léieren, oder en Deel vun eiser Ekipp ze ginn, da mell dech! monnerech@greng.lu